Samedi 7 juillet 2007 6 07 /07 /2007 10:34

 Bonne Chance Fränk !!!

 

Sonndeg 29/07/07 : Arrivée Champs-Elysées Paris

 Merci Fränk fir des schein 3 Wochen an félicitatiounen fir deng 17. Platz!!! Mir féliciteieren dem Kim awer och zu senger super 7. Platz, mir sin immens stolz ob iech!!! Merci och fir den leiwen geste ob den Champs-Elysées dir 2! :)

Mettwoch 25/07/07 : CHAOS-DAAG !!!! Orthez - Col d'Aubisque  218 km

RAS LE BOL !!! Daat as den Geck mat den Leit an zumols mat den eierlechen Coureuren gemach!!! Nom Fall Vinokourov, deen schon zimlech ob den Mo geschloen huet as et haut riicht firun gangen. En Coureur vun der Cofidis, Cristian Moreni as och Positiv getest gin, waat heescht dass d'ganz équipe Cofidis den Tour och verleisst...Et deet engem esou Leed fir all dei onschelleg coureuren vun där équipe, wei den Sylvain Chavanel an den Stephan Augé, dei weinst esou engem (pardon fir den Ausdrock, mee et kann een einfach net mei anescht soen) RENDVEIH mussen heemfueren.

Mee domat net genuch...den Vainqueur vun der häuteger étape an den aktuellen Maillot Jaune, huet den Tour den owend och verloos, no Ufro vun senger équipe Rabobank!!! A mengen Aan eng ganz gudd decisioun vun der équipe, mee daat scheint Bild waat jiddereen vum Tour de France haat geet färten ech bei jidderengem esou lues flöten. Wann et eis, den Supporter, schon esou "wei" deet dei ganz Doping-Affaire, dann well ech net wessen waat an den Käpp vun den Coureuren, wei dem Fränk an dem Kim, firgeet.

Ob allefall stin mir weiderhin nach voll a ganz hannert eisen 2 Letzebuerger um Tour an och hannert all deenen aneren eierelech Coureuren, dei eis onvergiesslech Momenter ob der Telé erliewen loosen. Macht weider esou Jongen, den Velossport muss weider goen, et as zevill e scheinen Sport!!!

Zu der étape vun haut, wei schon gesoot huet den Michael Rasmussen d'étape gewonnen, den Fränk kennt ob dei excellenten 13. Platz mat engem retard vun 4'42". Am General klemmt den Fränk ob dei 18. Platz mat engem retard vun 31'48". Mee des Plazeierungen sin muer de moien secher schon erem anescht, vu dass den Michael Rasmussen jo net mei um Start as...

Dengten 24/07/07 : Journée de repos

Et kann een desen Daag net journée de repos nennen, well et wor ganz vill lass...Den Alexandre Vinokourov as Positiv getest gin ob der étape contre-la-montre vun Albi. Den Vinokourov as direkt vun senger Equipe suspendeiert gin, an d'Team Astana huet sech no Ufro vun den Organisateuren ganz vum Tour de France verabschied. Schwarzen Daag fir den Cylissem!!!

Meinden 23/07/07 : Foix - Loudonvielle-le-Louron  196 km

Gudden Daag fir den Letzebuerger Cyclissem. Den Kim Kirchen get den excellenten 2. ob 0'51" vum Gewenner Alexandre Vinokourov. Den Fränk fiert als 25. iwert d'ligne mat engem retard vun 5'21". Am General mecht den Fränk e puer Platzen gudd, hien as elo den 22. ob 26'46" vum Michael Rasmussen, deen sein Maillot Jaune ganz gudd verteidegt!!!

Sonnden 22/07/07 : Mazamet - Plateau-de-Beille  197 km

Victoire vum Contador firum Rasmussen. Den Fränk verleiert haut immens vill Zeit, en get den 62. ob 16'55". Am General as den Fränk elo den 25. ob 24'56". 

Daat gin lo nach 2 flott Biergétapen wou den Fränk lo mei Freiheet huet fir an eng échappée ze goen an ween wees, villeicht esouguer nach eng étape kann gewannen :) Well schlecht as eisen Fränk net an emmer gudd fir eng Iwerraschung!!! Allez Fränk, huel se !!!! :) 

Samsten 21/07/07 : Contre-la-montre Albi - Albi  54 km

Impressionant victoire vum Alexandre Vinokourov ! Den Fränk get den 34. ob 4'48". Am General fällt den Fränk e puer Platzen zereck, hien as elo den 17. mat 7'49" retard ob den Michael Rasmussen, deen haut sein Maillot Jaune erstaunlecherweis konnt verteidegen.

Freiden 20/07/07 : Montpellier - Castres  179 km

Et kennt haut erem zu engem Sprint, wou den Tom Boonen sech souverän kann duerchsetzen. Den Fränk kennt mam Peloton als 86. un. Am General ännert sech neicht, den Fränk bleiwt den 12. ob 5'56" vum Michael Rasmussen.

Donnegten 19/07/07 : Marseille - Montpellier  180 km

Schwarzen Daag fir den Christophe Moreau, deen haut duerch eng chute mei wei 3 Minutten verluer huet. Am läschten Kilometer kennt och den Fränk zu Fall, et as him awer gott sei dank neicht schlemmes geschitt an well d'chute an deenen läschten 3 km wor, kritt hien den retard deen en herno ob der ligne d'arrivée haat net ugerechent. Den Fränk mecht e Sprong vun enger Platz am General no fir, weinst deem groussen retard vum Christophe Moreau ob der häuteger étape. Den Fränk as elo den 12. mat 5'56" retard ob den Maillot Jaune Michael Rasmussen.

Mettwoch 18/07/07 : Tallard - Marseille  229 km

Haut wor eng typesch transitiouns étape, et get frei eng échappée goen geloos sou dass d'Leaderen sech bessi kennen am Peloton ausrouhen. Den Fränk kennt mam Peloton als 40. mat 10'36" retard un. Am General ännert sech neicht, den Fränk bleiwt den 13. ob 5'56" vum Michael Rasmussen.

Dengten 17/07/07 : Val-d'Isère - Briançon   161 km

Nom Rouh-daag as et direkt erem mat enger flotter Biergétape weidergangen. Am läschten Bierg, dem Col du Galibier koum et dann zu Attaken vun den Leaderen, mee des Keier wor net den Fränk mat am groupe Maillot Jaune, mee den Carlos Sastre. D'étape gouf vum Columbianer Soler gewonnen, firum Valverde. Den Kim get ganz gudden 8. ob 0'46". Den Fränk kennt bessi mei speit mam groupe Vinokourov un, ob 3'24". Den Vinokourov wor sech no der Arrivée bewosst dass hien den Tour dest Joer net mei kann gewannen an huet sech mat Treinen an den Aan vun sengem soigneur bei sein Bus brengen geloos.

Am General as den Fränk elo den 13. ob 5'56" vum Michael Rasmussen. Net ze vergiessen den Kim Kirchen, deen 10. as mat engem retard vun 5'06". All Respekt Jongen, Letzebuerg as stolz ob iech 2, macht sou weider!!

Meinden 16/07/07 : Journée de repos

Sonnden 15/07/07 : Le Grand-Bornand - Tignes  165 km

Den Fränk as an der läschter Montée mat an eng kleng échappé gangen, wou ennert anerem de Alejandro Valverde, den Christophe Moreau, den Cadel Evans an den Iban Mayo dran woren. D'échappé konnt bis zu enger Minutt zu verschiddenen Momenter ob den groupe Maillot Jaune, wou den Andreas Klöden, Alexandre Vinokourov, Carlos Sastre, Kim Kirchen an Denis Menchov ennert anerem dran woren, erausfueren. Den Christophe Moreau huet e puer mol attakeiert, waat d'échappé schein désorganiseiert huet, mee den Fränk an dei aner coureuren sin emmer erem un den Moreau erukom. An den läschten 3 km kann den Vinokourov dem Andreas Klöden sein Tempo net mei haalen, an den Sastre an Menchov profiteieren vun der Schwächt vum Vinokourov fir z'attakeieren. Den Klöden, deen offensichtlech awer an gudder Form as, huet missen ob sein Leader warden an huet schlussendlech vill onnetz Zeit ob dei aner Leaderen verluer. D'étape get vum Michael Rasmussen gewonnen, deen schon am freien Nometten dem Peloton fortgefuer wor. Den Fränk get den super 5. mat 3'13" retard. Den Kim, deen fir den Maillot Jaune huet missen schaffen, get gudden 22 ob 5'10".

Am General geseit elo alles anescht aus...den neien Maillot Jaune as den Michael Rasmussen, den Fränk as elo ob der ganz gudder 9. Platz mat engem retard vun 3'14".

Samsten 14/07/07 : Bourg-en-Bresse - Le Grand-Bornand  197 km

An der eichter Biergétape huet keen vun den Leaderen attakeiert, d'étape get vum Jonken Linus Gerdemann gewonnen. Den Maillot Jaune wiesselt haut och d'équipe, en as elo net mei am Frânk senger équipe mee am Kim senger (T-Mobile). Den Frank kennt mat den Favoriten un, hien get den 19. ob 3'38".

Am General as elo den Linus Gerdemann am Maillot Jaune, den Fränk as den 28. mat 4'23" retard.

Freiden 13/07/07 : Semur-en-Auxois - Bourg-en-Bresse   200 km

D'étape get am Sprint vum Tom Boonen gewonn. Den Fränk get den 68. ob 0'00".

Am General bleiwt den Fränk ob der 48. ob 1'17".

Donnegten 12/07/07 : Chaplis - Autun  184 km

Haut wor dei eicht mei komplizeiert étape, et sin och deem entspriechend vill Saachen geschitt. Den Iban Mayo an den Andreas Klöden sin an der Mett vun der étape gefall, konnten awer allenzwee erem weiderfueren an hun och den Uschloss zum Peloton gepackt. Mei schlecht as et dem Alexandre Vinokurov ergangen, deen firun der läschter Montée gefall as an den Uschloss, trotz hellef vu baal dem ganzen Team Astana, net mei gepackt huet. Den Vinokurov verleiert schlussendlech iwert eng Minutt ob all dei aner Leaderen.

D'étape get vum Filipp Pozzato gewonn am Sprint, den Kim Kirchen get ganz gudden 4. an den Fränk as guer net weit hannendrun als ganz gudden 15. iwert d'ligne gefuer.

Am General bleiwt den Fabian Cancellara emmernach am Maillot Jaune, trotz schweierer étape. Den Fränk mecht en groussen Sprong no fier, hien as elo den 48. ob 1'17". Mir freen eis all ob den WE!! :) Allez Fränk !!! Weider esou !!!

 

Mettwoch 11/07/07 : Villers-Cotterêts - Joigny  190 km

Et kennt och haut erem zu engem Massensprint wou den Thor Hushovd sech firum Robert Hunter duerchsetzt. Den Fränk kennt mam Peloton als 43. un.

Am General bleiwt den Cancellara am Maillot Jaune an den Fränk as elo den 89. ob 1'17".

Dengten 10/07/07 : Waregem - Compiègne 236 km

Impressionanten Finish, den Maillot Jaune Fabian Cancellara attakeiert am läschten Kilometer, d'Sprinter reageierten net direkt an am Endeffekt gewennt den Cancellara ganz knapp firum Erik Zabel. Den Fränk, 20. vun der étape, freet sech immens iwert den succès vun sengem Teamkomorod, hien fiert mat gehuewenen Ärm iwer d'ligne an féliciteiert dem Fabian direkt no der arrivée!! Weider sou Team CSC !!!

Am General bleiwt den Fabian Cancellara am Maillot Jaune an de Fränk as lo den 91. ob 1'17"

Meinden 09/07/07 : Dunkerque - Gand 167 km

An den läschten 30 km huet d'Wieder net mei wollten matspillen, et huet ugefangen immens ze reenen an deen Reen huet dem Fränk keng Chance bruecht. Hien rutscht an engem rond-point an fällt ob den Ielenbou. Den läschten Informatiounen no, as neicht gebrach...den Fränk misst also kennen weiderfueren muer.

An den läschten 3 km, kennt et zu enger Massen-chute...e groussen Deel vum Peloton fällt, ennert anerem den Maillot Jaune Fabian Cancellara, wei och den George Hincapie an nach ganz vill anerer. Den Fränk fiert schlussendlech als 92. mam Peloton iwert d'ligne. Am General as den Fränk den 95. ob 0'57" vum Fabian Cancellara.

Sonnden 08/07/07 : London - Canterbury 203 km

Et kennt wei erwart zu engem Massensprint, wou den Robbie Mc Ewan sech souverän duerchsetzt, nodeems en 20 km firun der Arrivée an enger chute verwekelt wor an een sech gefroot huet ob en iwerhaapt den Uschloss mam Peloton nach giff packen... Den Fränk kennt mam Peloton als 31. un.

Am General bleiwt den Fabian Cancellara Leader, den Fränk as den 93. ob 0'57".

Samsten 07/07/07 : Prologue London

 

Den Fränk get den 95. mat 0'57" retard ob den Gewenner vum Daag an eichten maillot jaune vum Tour 2007, den Fabian Cancellara (CSC).

 Présentation des coureurs

E groussen MERCI un all dei trei Supporter vun eisen Letzebuerger Cyclisten !!!

Par Isa - Publié dans : Tour de France
Ecrire un commentaire - Voir les 1 commentaires - Recommander
Retour à l'accueil

 
Contact - C.G.U. - Rémunération en droits d'auteur - Signaler un abus