Sonnden 24. Juni 2007 : Zeitfueren Bern - Bern
Den Fränk as den 29. gin ob 2'50" vum Gewenner vum Daag, den Fabian Cancellara. Am Schlussclassement get den Fränk den ganz gudden 7. BRAVO FRÄNK!!!!
Samsten 23. Juni 2007 : Innertkirchen - Schwarzsee
Den Fränk get den 16. ob 0'02". Hien bleiwt den 5. am General mat 0'33" retard ob den Efimkin. Et bleiwt also spannend. 2 Letzebuerger an den Top 5, allen 2 manner wei eng Minutt vum Leader...lo heescht et fir eis, Daumen drecken an Ufeieren, an fir d'Jongen, an d'Pedalen drecken an den Tour de Suisse gewannen :) ALLEZ Fränk an Kim !!!!!
Freiden 22. Juni 2007 : Ulrichen - Grimselpass
Den Fränk get den 14. ob 4'27" ob den Gewenner Vladimir Gusev.
Am General as den Fränk elo den 5. mat 0'33" retard ob den Leader Vladimir Efimkin.
Donnegten 21. Juni 2007 : Ulrichen - Crans-Montana
D'étape huet kuerz nom Start missen oofgebrach gin duerch extremen Kneppelstengfall. D'coureuren sin ob Ulrichen bruecht gin an sin dun vun do aus fortgefuer.
Den Fränk huet leider an deenen läschten 4 km net mei konnten mat der Spetzt mathaalen, hien fiert als 26. iwert d'Ligne mat 1'21" retard ob den Gewenner vum Daag, den Thomas Dekker. Den Fränk verleiert leider sein scheinen Maillot Jaune, hien as elo den 3. ob 0'21" vum neien Leader Efimkin. Et bleiwt also spannend.....ALLEZ FRÄNK, HUEL SE !!!!!!!!!!!!!
Mettwoch 20. Juni 2007 : Vaduz - Giubiasco
Den Fränk kennt als 32. mam Peloton un. D'étape get am Sprint vum Robby Mc Ewen gewonnen. Den Fränk bleiwt Leader :)
Dengten 19. Juni 2007 : Nauders - Triesenberg
Fränk SCHLECK ganz Uewen...SUPER Fränk, BRAVO Fränk, MERCI Fränk !!!!!!!!!
Knapps si mer aus dem Flieger eraus, zreck aus der Vakanz, kennt eng SMS un : "Fränk huet d'étape gewonnen!"...einfach nemmen Genial, dann as een direkt erem vill vill mei frou!!! :)
Den Fränk gewennt also des schweier étape, 0'32" firum Efimkin. Den Kim Kirchen kennt aus ganz gudden 5. uewen un, mat 0'48" retard ob den Fränk.
Den Fränk hellt sech och den Maillot Jaune, hien huet 0'49" firsprong ob den Efimkin. Lo gellt et deen ze haalen bis ob Bern.... :)
Einfach nemmen e Genialen Daag fir eis Letzebuerger Coureuren, an och fir ganz Letzebuerg...well eis Cyclisten haalen net ob eist Ländchen mat bravour ze vertrieden! Et muss een hinnen also all e groussen Merci soen, souwuel dem Fränk an dem Andy, wei och dem Kim an dem Benoît, well se machen alleguer immens vill fir den Letzbuerger Velosport, an et as eng Freed hinnen nozekucken, wei se hieren Palmarès ausbauen!!! Weider esou Jongen, dir sidd Phenomenal!!!!!
Enjoy...
Meinden 18. Juni 2007 : Brunnen - Nauders
Den Fränk get den ganz gudden 5. ob 0'07". D'étape get gewonnen vum Alessandro Proni.
Am General bleiwt den Fabian Cancellara Leader, den Fränk as elo den 13. ob 0'23".
Sonnden 17. Juni 2007 : Olten - Luzern
Den Fränk kennt mam Peloton als 42. un. Gewonnen get d'étape vum Erik Zabel. Den Fabian Cancellara behällt den Maillot Jaune.
Den Fränk as elo den 36. am General ob 0'23''.
Samsten 16. Juni 2007 : Zeitfueren
Den Fränk get den 39. ob 0'17'' ob den Fabian Cancellara.